top of page
DJI_20240105162120_0086_D.jpg

RAW.
Real.
Timeless.

Dir hutt eng Iddi oder en Projet? Mir hëllefen Iech des ëmzesetzen

Portfolio

Ech sinn de Christophe Sauber, Grënner vun Atlensation an e passionéierte Fotograf. Mäin Zil ass et, authentesch Momenter, eenzegaarteg Perspektiven an éierlech Emotiounen a menge Biller festzehalen.Meng visuell Welt beweegt sech tëscht Dynamik an absolutter Rou. Als Spezialist fir Auto-, Event- an Dronefotografie fänken ech d'Energie vum Moment an – sief et déi fléissend Linne vun engem Gefier a Beweegung oder déi authentesch Emotiounen op engem Event. Besonnesch faszinéiere mech Perspektiven aus der Loft; den Asaz vun enger Dron erméiglecht et mir, ganz nei Bléckwénkelen ze weisen, déi Geschichten aus enger neier Dimensioun erzielen. Donieft begeeschtere mech Landschaften, wou ech déi onberéiert Schéinheet vun der Natur an zäitlose Biller festhalen. Egal ob um Buedem oder an der Loft: Mäin Zil ass et, bei all Opnam Ästhetik an d'Erziele vun enger Geschicht mateneen ze verbannen. Loscht ob e gemeinsame Projet? Loosst eis Är Geschicht erzielen.

Puer vun menge realiséierte Projekter 

01

Rallye vir Fondation Kiwanis

Unbenannt1.jpg

 „Kiwanis Classic Car Event“, déi vum  Kiwanis-Club zu Lëtzebuerg organiséiert  – eng Rallye vu ronn 200 km fir Oldtimer an Youngtimer (25 Joer an méi al).

02

Interview am Planet People bei RTL

Screenshot_20250620_221338_Gallery[1].jpg

Freides, den 20.07.2025, war ech bei RTL Planet People  ob der Tele, vir iwwert meng Passioun ze schwätzen

03

Shooting am Cargocenter

DSC09885[1].jpg

Ee vun den Highlights bis lo, war de Shooting vir Cargolux am Cargocenter um Findel. no iwwer 4 Méint Preparatioun war et du souwäit an ech konnt Fligere vu Cargolux a Szene setzen.

04

Biller an der Chambre Commerce

20241129_164959.jpg

No puer Visitte konnt ech mat der Chambre Commerce um Kiechbieg dëse Projet realiséieren, lo hänken 9 vu menge Biller am Konferenz an am VIP Sall 

05

European Hillrace zu Luerenzweiler

DSC02463_224200.jpg

2025 an 2026 konnt ech den European Hillrace zu Luerenzweiler fotograféieren. Dëst Event ass  extrem spannend an et ass ëmmer rëm schéin sou no drun ze sinn

06

Fotoworkshop mat der Natur an Emwelt

Screenshot_20250619_062522_M365_Copilot[1].jpg

Am Juli 2025 hunn ech e Workshop ofgehale vir de Léit meng Passioun mei no ze bréngen, de Workshop war ausgebucht an ech hunn de Léit um Terrain Fotografie erkläert

07

Visite mam Grand-Duc

DSC07663.jpg

Den 14.05.2025 hat ech dun Chance an éier eng Visite vum Grand-Duc Henri ze begleeden, dest am zesummenhang mat der Aweihung vun der "Place Grand-Duc Henri" zu Senneng

08

Internationalen MG Treff zu Lëtzebuerg

DJI_20260718194953_0170_D[1].jpg

Am Juli 2026 hunn ech kennen den Internationalen MG Treff zu Lëtzebuerg kenne begleeden. Dëst war besonnesch Interessant, well virun allem déi mei jonk Generatioun  präsent war

Meng Servicer

DSC09750.jpg
Event Fotografie

Dir plangt en Event, zb eng Versammlung, e Gebuertsdag, eng Party oder e Patt, da kann ech Iech Fotoe liwweren

DSC00116 (1).jpg
Auto Fotografie

Dir hutt en Treffen, oder dir wëllt gären ären eegnen Auto a Seene setzen, egal ob stationär oder Rolling Shots, gäre kann ech Iech Fotoe maachen

DJI_20251201123958_0002_D.jpg
Dronen Fotografie

Fotoen aus der Loft sinn ëmmer spektakulär. Dir wëllt en Event, oder soss eppes aus der Loft gesinn, ech kann Iech hëllefen

Galerie

Puer vu menge beschte Biller

Shop

Kontakt

E-Mail

atlensation@gmail.com

Standort

Luxemburg, Europa

bottom of page